Mir sinn e Planungs- a Berodungsbüro am Beräich Mobilitéitsplanung, Verkéierstechnik a Mobilitéitsmanagement. Mir plangen innovativ Mobilitéitsléisungen fir ëffentlech a privat Clienten.

Vun der verkéierstechneschen Etuden, iwert Verkéierskonzepter bis hin zu Modelléierungen a Mobilitéitsmanagement fir Entreprisen, decken mir all Beräicher vun der aktiver an nohalteger Mobilitéit of.

komobile beschäftegt sech zënter 1996 mat den Erausfuerderungen vun eiser Zäit an der Mobilitéitsplanung.

Mat zwee Büroen an Éisträich (Wien, Gmunden) an engem Büro zu Lëtzebuerg huet komobile exzellent regional, national an international Netzwierker a bitt folgend Servicer:

  • Aktiv Mobilitéit
  • Participatioun vun den Bierger
  • Energieaudits nom Energieeffizienzgesetz fir den Transportsecteur
  • Entworfsplanung
  • Mobilitéitsfuerschung
  • Integréiert Mobilitéitskonzepter
  • Mobilitéitsmanagement
  • Mobilitéitsberodung iwwer de klimaaktiv mobil- an Ëmweltservice Salzburg
  • (Nofro-orientéiert) ëffentlechen Transport
  • Gestioun vun Mobilitéitsprojeten
  • Strategesch Ëmweltprüfung an strategesch Verkéiersprüfung
  • Tourismus-Mobilitéit
  • Ëmweltverträglechketsprüfung
  • Verkéierstechnik an -Modeller

Hutt Dir allgemeng Froen iwwer eis Servicer oder denkt Dir schonn un e spezifesche Projet?

Dann schreift eis eng E-Mail oder rufft eis während eisen Aarbechtszäiten un.

An eisem Büro schaffe mir a verschiddene Sproochen, des sin aktuell Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch.

Mir freeën eis Iech bei Ären Projeten ze ennerstetzen.